File:Stolperstee Bernard Weber, 25, rue John-Grün, Munneref-101.jpg

From Wikimedia Commons, the free media repository
Jump to navigation Jump to search

Original file(4,634 × 3,093 pixels, file size: 15.72 MB, MIME type: image/jpeg)

Captions

Captions

Add a one-line explanation of what this file represents

Summary[edit]

Description
Lëtzebuergesch: Als ofschléissend Aktioun am Kader vu "Mémoires communes - verfollegt, verdrängt, vergiess" huet d'Gemeng Munneref de 6. November 2015 eelef Stolpersteng vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig verleeë gelooss. 18 Lokalassociatiounen hunn de Parrainage iwwerholl.

De Bernard Weber, gebuer de 15. Oktober 1890 zu Haler, huet mat senger Fra, der Louise Molitor, an der Ellenger Strooss (haut rue John-Grün) zu Munneref gewunnt. D'Koppel hat ee Jong, de Roger, gebuer de 16. Abrëll 1923, wouduerch hien zu der Altersklass gehéert huet déi als éischt zwangsrekrutéiert goufen. Am Éischte Weltkrich huet de Bernard Weber an der franséischer Friemelegioun gekämpft, woufir hien 1922 mat der Médaille militaire ausgezeechent gouf.

De Bernard Weber war ee vun de Käpp an der Munnerefer Resistenz. Den 22. Oktober 1943 gouf hie vun der Gestapo verhaft an an de Prisong am Gronn agespaart. Vu do gouf hien den 2. November 1943 an d'KZ Hinzert verschleeft, wou hin duerch d'sadistesch Brutalitéit vun den SS-Verbriecher de 25. November 1943 ëmkënnt.

De 24. Oktober 1944, op der éischter Gemengerotsëtzung no der Liberatioun, gouf op Propositioun vun der Unio'n decidéiert d'"Place Flesgin" (Grous Plaz) a "Place Bernard-Weber" ëmzebenennen. De 25. November gouf d'Plaz feierlech ageweit.

Seng stierflech Iwwerreschter goufen am September 1946 um Munnerefer Kierfecht begruewen. De Bernard Weber gouf posthum mam Ordre de la Résistance ausgezeechent.
Date
Source Own work
Author Jwh
Camera location49° 30′ 25.24″ N, 6° 16′ 22.92″ E Kartographer map based on OpenStreetMap.View this and other nearby images on: OpenStreetMapinfo

Licensing[edit]

Jwh at Wikipedia Luxembourg, the copyright holder of this work, hereby publishes it under the following license:
w:en:Creative Commons
attribution share alike
This file is licensed under the Creative Commons Attribution-Share Alike 3.0 Luxembourg license.
Attribution: Jwh at Wikipedia Luxembourg
You are free:
  • to share – to copy, distribute and transmit the work
  • to remix – to adapt the work
Under the following conditions:
  • attribution – You must give appropriate credit, provide a link to the license, and indicate if changes were made. You may do so in any reasonable manner, but not in any way that suggests the licensor endorses you or your use.
  • share alike – If you remix, transform, or build upon the material, you must distribute your contributions under the same or compatible license as the original.

File history

Click on a date/time to view the file as it appeared at that time.

Date/TimeThumbnailDimensionsUserComment
current09:29, 23 November 2015Thumbnail for version as of 09:29, 23 November 20154,634 × 3,093 (15.72 MB)Jwh (talk | contribs)VicuñaUploader 1.20

File usage on other wikis

The following other wikis use this file:

Metadata